Aidez-nous Aidez-nous
Suivez-nous Facebook

Et ass Zeit fir ze agéieren

A net manner wéi zwee Joerzengter vun industrieller Revolutioun, huet de Mensch et färdeg bruecht seng Heemecht, d’Erd, ze zerstéieren an daat oft irreversibel. Eis Erd, e wonnerbart awer zerbriechlecht Resultat vun milliounen Joer Evolutioun.

Mir sin iwerzeegt datt et Zeit ass fir ze agéieren, ze réparéieren wat nach kann réparéiert gin, an d’Zukunft ze préparéieren fir wann d’Menschheet progresséiert a senger Evolutioun andeem se eng méi gewessenhaft a méi gerecht Welt schaaft, dest alles datt d’Erd nach bewunnbar bleift.

Haut, kann eisen Planet net méi otmen well en net méi déi néideg naturell Méiglechkeeten huet fir déi ecologesch Agreffer vum Mensch ausgleichen ze kennen.

Den seuil d‘alerte ass errecht. Den natierlechen Equilibre vun der Natur stellt sech als méi fragile duer wéi d’Menschen sech dat während Joerzengter virgestallt hun. D’Erosioun vun der Biodiversitéit huet en niveau erreecht deen net mat der langer Dauer vum Liewen op der Erd vergleichbar ass.

D`Zerstéierung vun de Bëscher huet esou Dimensiounen uheholl, datt all Joer, méi wéi 12 Milliounen Hektar Bëscher verschwannen, wat enger Fläch vun 47 mol der totaler Fläch vum Grand-Duché vun Letzebuerg entsprecht.

Keng Persoun kann des Feststellung ignoréieren: d’Erd huet en seuil vun Vulnérabilitéit ouni gleichen erreecht. D`Schied sin mat bloussen Aen ze gesin.

Mir hun eng solidaresch Verpflichtung mat den zukünftegen Generatiounen. Mir mussen eis Responsabilitéit an der jetzeger Situatioun akzeptéieren. Mir hun net d’Recht eisen Kanner als eenzeg Ierfschaft d’Gestioun vun eiser Noléissegkeet ze iwerloossen wéi mir hinnen haut och all méiglech Ooffäll iwerloossen.

Wa mir neischt dogengt ennerhuelen, sin mir schelleg fir „Net Hellef vun enger Menschheet a Gefôr“.

Frédéric Debouche, Fondateur de Graine de Vie.